Weisen mech just virum Mic wann ech eppes ze son' hunn Bleiwen léiwer ënnert Leit si meng gréissten Bedrohung War kuerz op dë Pëllen wéint dem Drock op menger Otmung Mais séier rem rof well ech an der Wunneng just nach do lung Näicht ze maachen an der Säitelag Gouf zwar nemmei panesch mais d'gefiller just op d'Säit gepaak Absolut näicht mat menger Zäit gemaach D'Welt geet ënner mais dee Schaiss zitt einfach laanscht So mer wat nach zielt D'Rezept fir onglécklech ze sinn setzt just hannert der Stier Mais d'Liewen waart virun der Dier Een Haus mat Gaart oder ee Cocktail un der côte d'azur Wat ass mat dir? hm? Wat ass mat dir mäi brudder a wat ass mat dir meng sis Zielen iech mai liewen hei mais wat ass grad bei dir geschitt Bouncer schmaisst dech aus dem Club mais näicht wat dech wéi d'Liewen kickt Héngs de un dem Becher Rum oder hengs de all dag um Spliff Geess du mat de gefiller ëm, brengen dech deng Gefiller ëm? Hues du een fir ze schwätzen kanns du zielen op Famill a Frënn Oder fills du dech ganz alleng am Reen? Lauschter dësen track an ech hoffen dass et rem besser geet, ech schwieren Uppercut jo dee Schäiss knockt dech KO Ech si grad réicht pätter ginn a meng Bom läit am Spidol Ech siche heinsdo Distanz well ech d'Wouerrecht net verdroen Stinn um balcon mat den homies mat planzen an alkohol Gespréicher heinsdo flaach heinsdo déif grënneg Tréischten iwwert saachen weg déi eis béis wëllen Fillen mech wéi ee gars aus enger aanerer Sphäre All eenzelnen vun eech mäi point de répère Dir sitt meng Therapie Gespréicher um Balcon mat bëssen Weed T'ass net emmer einfach mais c'est la vie