'T gëtt kee Verb fir ze son Wat ech dir lo wëll son Wëlls de awer mat mir gon? Oder léiss de mech lo ston? Ass mäi Gefill da lo ze kléng? Oder meng Sprooch ze vill beschränkt? Bleiwe mir alleguer eleng? Versteet kee wat deen anere mengt H, H, H, D, M, G, G, G Ass dat ok mat eis zwee? Wann et och kee Verb gëtt Heescht dat jo awer net Dass et d'Gefill net gëtt Wat domat gemengt gëtt Vläicht kann et jo och sinn Dass et keng Handlung muss sinn Deen Zoustand an deem mir sinn A mir frou matenee sinn H, H, H, D, M, G, G, G Ass dat ok mat eis zwee? Dat heite Lidd, Baby, ass just fir deng Ouren An ech hunn haut keng Loscht ze meckeren an ze souren Ech trenne just gären d'Iwwerfläch vun der Déift Et brauch ee richtege Rebell fir ze sangen vun der Léift H, H, H, D, M, G, G, G Ass dat een C fir eis zwee? H, H, H, D, M, G, G, G Ass dat ok mat eis zwee?